Iwwer

Désirée

Leidenschaftlech iwwer d'Begleedung vu Mammen a gewidmet hirem Wuelbefannen.

Gudde Moien

Gudde Moien, mäin Numm ass Désirée, ech sinn Hiewamm säit dem Joer 2000. Sinn Mamm vun 2 Kanner an säit November 2008 diploméiert Stëllberoderin (IBCLC).

Mat enger 21 jähreger Experience, um Terrain vun der Maternité, wou déi jonk Mammen mat hiere Puppelcher an d'Bindung teschent Mamm a Kand mir ëmmer scho immens um Häerz loungen, stinn Ech un ärer Säit an ech sinn mat Leif a Séil dobäi, mech ëm Iech an äre Puppelchen ze këmmeren.

2023 hunn Ech meng eege Praxis opgemaach a schaffen als Fräiberufflech Hiewamm.

Säit dem Joer 2024 hunn ech mech forméiert an der EEH, Emotional Éischt Hëllef, a sinn säit Abrëll zertifizéiert Basic-Bonding-Leederin. Mat dësem Wëssen an „Outil“ kann ech bei villen Hürden déi optrieden kënnen; Mamm ze ginn an ze sinn, ënnerstëtzend zur Säit stoen. Dir kënnt heimat léieren äre Puppelchen einfach ze verstoen an Dir kënnt am eegene Kierperbewosstsinn bestäerkt gi fir sou déi Hürde beschtméiglech ze iwwerwannen.

Ech freeë mech iech kennen ze léieren an iech op dem eenzegaartegen Wee ze begleeden.

Sinn disponibel am Norden vum Land, Kiischpelter Géigend.

Portrait of Desiree Schwindenhammer, a midwife, smiling warmly. She is wearing glasses and a white knit sweater, standing in front of a purple and white background with decorative stars.
Erfahrung

Zuelen déi fir sech schwätzen

2023

Zënter

>21

Joer Erfahrung

99%

Zefridden Mammen

D'Désirée hir Philosophie: eng Hiewamm mat Passioun fir jonk Mammen ze begleeden.

Désirée bitt empathesch Ënnerstëtzung an individualiséiert Opmierksamkeet wärend an no der ganzer Schwangerschaft.

Hir Missioun ass et, fir all Fra, eng häerzlech a vertrauensvoll Atmosphäre ze schafen.

Desiree helping a pregnant woman