Wëllkomm bei Nei Mama.
Är Begleederin an der Schwangerschaft an duerno

Desiree Schwindenhammer, eng erfueren Hiewamm a Stëllberoderin (IBCLC), hëlleft Iech, Iech op d'Gebuert virzebereeden an engem häerzlechen a berouegenden Ëmfeld, an assuréiert och eng komplett Nosuerg fir Iech an Äere Puppelchen.

A pregnant woman lying on a couch with her hands resting on her belly. Two other people, one wearing a watch, gently place their hands on her belly, providing comforting support and care.

Servicer
Virbereedung op d'Gebuert an Nosuerg Doheem

A simple pink outline of a stork carrying a bundle, symbolizing childbirth and delivery services.

Virbereedung op d'Gebuert

Beroodung an Informatioun, souwéi Gebuertsvirbereedungskursen, fir eng optimal Viirbereedung op den groussen Daag.

A simple pink outline illustration of a pregnant woman with a heart shape on her belly, symbolizing prenatal care and support."

Ënnerstëtzung während der Schwangerschaft

Personalisiert Basic Bonding Sessiounen fir Iech während der ganzer Schwangerschaft ze begleeden an eng fréi-zäiteg Bindung mat Ärem Puppelchen ze favoriséieren.

A simple pink outline illustration of a baby pacifier, symbolizing postnatal care and support.

Nosuerg no der Gebuert

En opmierksamen a virsuergleche Suivie vun Iech an Ärem Kand, inklusiv Stëllberodung an Techniken fir eng fréi a fest Bindung ze förderen.

Wëllkomm

Désirée, Är vertraut Hiewamm fir Iech an Är Famill

Gudde Moien, mäin Numm ass Désirée, ech sinn Hiewamm säit dem Joer 2000. Sinn Mamm vun 2 Kanner an säit November 2008 diploméiert Stëllberoderin (IBCLC).

Mat enger 21 jähreger Experience, um Terrain vun der Maternité, wou déi jonk Mammen mat hiere Puppelcher an d'Bindung teschent Mamm a Kand mir ëmmer scho immens um Häerz loungen, stinn Ech un ärer Säit an ech sinn mat Leif a Séil dobäi, mech ëm Iech an äre Puppelchen ze këmmeren.

2023 hunn Ech meng eege Praxis opgemaach a schaffen als Fräiberufflech Hiewamm. Hei bidden ech och 2 mol am Mount e Butzentreff un wou d’Mammen mat hiere Puppelcher sech können austauschen a Berodung kreien.

Säit dem Joer 2024 hunn ech mech forméiert an der EEH, Emotional Éischt Hëllef, a sinn säit Abrëll zertifizéiert Basic-Bonding-Leederin. Mat dësem Wëssen an „Outil“ kann ech bei villen Hürden déi optrieden kënnen; Mamm ze ginn an ze sinn, ënnerstëtzend zur Säit stoen. Dir kënnt heimat léieren äre Puppelchen einfach ze verstoen an Dir kënnt am eegene Kierperbewosstsinn bestäerkt gi fir sou déi Hürde beschtméiglech ze iwwerwannen.

Ech freeë mech iech kennen ze léieren an iech op dem eenzegaartegen Wee ze begleeden.

Sinn disponibel am Norden vum Land, Kiischpelter Géigend.

Expérience

Desiree possède une vaste expérience dans l'aide aux mères pendant la grossesse et le suivi postnatal.

Compétences

En plus de sa compétence en tant que sage-femme, Desiree parle couramment 4 langues.

Portrait of Desiree Schwindenhammer, a midwife, smiling warmly. She is wearing glasses and a white knit sweater, standing in front of a purple and white background with decorative stars.

Déi vill Virdeeler vun der Begleedung duerch eng erfueren Hiewamm

D'Begleedung duerch eng Hiewamm bitt eng personaliséiert Approche an eng kontinuéierlech Ënnerstëtzung wärend der Schwangerschaft. Dir profitéiert vun enger professioneller Expertise an enger Vertrauensrelatioun mat Ärer Hiewamm.

Baby journal icon

Personaliséiert Approche

Fir- an Nosuerg fir iech an ärt Kand, déi un Är individuell Besoinen an Är spezifesch Situatioun ugepasst sinn.

Baby measurements icon

Kontinuéierlech Ënnerstëtzung

Profitéiert vun enger Begleedung wärend der Schwangerschaft an no der Geburt.

Logo Nei Mama with mother and child line art
Text message icon
"Mir hunn Désirée 10 Deeg virun dem geplangten Termin vun der Gebuert vun eisem éischte Kand, Charlotte-Rose, op der Websäit fonnt. Mir hate vill Gléck, datt Désirée eis mat sou kuerzer Virwarnung konnt betreien!

An esou kuerzer Zäit huet Désirée et fäerdeg bruecht, eis de Gebuertsprozess wonnerbar gutt ze erklären, mat groussem Wëssen a Präzisioun, wat eis berouegt huet an eng natiirlech Gebuert erméiglecht huet.

An D’Nosuerg, während den Heemvisitten, war absolut berouegend, an d'Ënnerstëtzung an Encouragementer vum Désirée als nei Elteren ass eppes, wat ech nie wäert vergiessen.

Merci, Désirée, fir alles, wat's Du fir eis gemaach hues!"
Testimonial woman smiling

Natasha, Thierry & Charlotte- Rose

Stolz Mamm

Reservéiert elo eng Berodung

Desiree ass do fir Iech an Ärer Schwangerschaft ze begleeden

Wëllkomm

Kontaktéiert mech

Disponibel an der Regioun Kiischpelt an am Norden vu Lëtzebuerg.
Denkt drun, mat Zäiten e Rendez-vous ze huelen fir eng optimal Begleedung.

Email

Schéckt mir eng Email
info@nei-mama.lu

Telefon

Rufft mech elo un oder iwwer WhatsApp

Büro

5, op der Knupp
L-9767 Pintsch
A decorative stork signpost welcomes visitors to the midwifery practice 'Nei Mama' with contact details listed below. The signpost is positioned next to a mailbox labeled with the number 5 and the names Schwindenhammer, Kremer Sacha, Hermann Tim & Nils. The background shows a residential area with modern houses.